27/01/2026
„Lëntgen virun 80 Joer“, eisen éischte Geschichtsowend, war e vollen Erfolleg - et war ee besonneschen Owend, wou Jonk a manner Jonk zesummekomm si fir e Bléck op d’Liewe wärend dem 2. Weltkrich hei am Duerf ze werfen.
Well mir awer vu ville Leit ugeschwat gi sinn, hu mir eis decidéiert fir eenzel Geschichten op eisem Facebook-Account mat iech ze deelen. Hei ass den Teaser an déi aner Deeler kommen no an no …
D’Geschicht vu Lëntgen soll lieweg, accessibel an no bei de Leit sinn – a matenee loosse mir se weiderliewen …