MNHM - Musée National d'Histoire Militaire

MNHM - Musée National d'Histoire Militaire Official Facebook Account of the National Military Museum in Diekirch, Luxembourg. Army.

� � The National Museum of Military History in Diekirch, Luxembourg, illustrates the Second World War, particularly the N**i German Occupation in May 1940, the Battle of Bulge 1944-45 and the liberation of Luxembourg by the U.S. Besides the Second World War, the Museum also clarifies the history of the Luxembourgish volunteers in the Korean War and of the Luxembourgish Army. The museum disposes of

a large, diverse collection of genuine military artifacts and hardware of the American and German force which ranges from medical care to helmets, uniforms, weapons and tanks. In addition, a huge amount of contemporary photographs, cards, paintings and audiovisual material are exposed in the military museum which have been provided by US American and German archives, donations, purchases or exchanges. Moreover, the history of several key events during the Second World War like the liberation of Luxembourg, the evacuation of Diekirch, the thanksgiving organized by U.S troops or the Battle of the Bulge are presented in a detailed large scale diorama. The museum aims to preserve the collective memory and to commemorate the Luxembourgish and American soldiers who served in wars.

� Le Musée National d’Histoire Militaire (MNHM) illustre le déroulement de la Deuxième Guerre Mondiale et notamment de la Bataille des Ardennes 1944-45 par des mises en scène typiques, des dioramas à l’échelle 1/1, montrant les deux forces en présence, américaines et allemandes et illustrant au mieux la façon dont soldats et civils ont vécu ce drame. Le MNHM, de par ses collections d’armes, véhicules et équipements divers s’efforce d’illustrer les évolutions technique et logistique au sein des forces des belligérants. Le musée poursuit donc le but de sauvegarder la mémoire collective et de promouvoir la reconnaissance du pays en commémorant ces, Anciens Combattants Luxembourgeois, volontaires des rangs alliés des 1ere et 2e Guerres Mondiales ainsi les volontaires de la Guerre de Corée. Le Centre de documentation du MNHM recueille une riche collection de livres, documents, photos, cartes, enregistrements audio-visuels etc. Ces documentations proviennent d’archives officielles américaines et allemandes d’une part et de dons, échanges ou acquisitions d’autre part. L’autre objectif principal du MNHM consiste à couvrir l’histoire de l’Armée luxembourgeoise en mettant un accent sur ses perspectives d’avenir au vu des engagements pris par le Gouvernement luxembourgeois à s’engager pleinement dans les efforts de l’OTAN et de l’Union Européenne à assurer la prévention des conflits et la gestion des crises dans le cadre des Nations Unies.

� Die thematischen Schwerpunkte im Nationalen Museum für Militärgeschichte in Diekirch, Luxemburg, liegen im Zweiten Weltkrieg und die Geschichte der luxemburgischen Armee. Im Rahmen der historischen Auseinandersetzung mit dem Zweiten Weltkriegs stehen thematisch insbesondere die Besatzung Luxemburgs durch N**i-Deutschland im Mai 1940, die Ardennenoffensive 1944-45 und die Befreiung Luxemburgs durch die US-amerikanischen Truppen im Vordergrund. Eine Abteilung im Museum beschäftigt sich außerdem mit den luxemburgischen Freiwilligen im Koreakrieg, eine andere wiederum behandelt diverse Uniformen und Waffen des Groβherzogs Jean von Luxemburg. Das Militärmuseum verfügt über eine umfangreiche, breit gefächerte Sammlung an militärischen Artefakten und Ausrüstungen von US-amerikanischen und deutschen Streitkräften, die von medizinischen Gegenständen, Rotor-Schlüsselmachinen bis hin zu Helmen, Uniformen, Waffen, Panzern und weiteren Exponanten reicht. Zusätzlich befinden sich zahlreiche zeitgenössische Fotografien, Briefe, Postkarten, Zeichnungen und audiovisuelle Aufnahmen in der Sammlung. Zur visuellen Darstellung einzelner Schlüsselszenen während des Zweiten Weltkriegs, wie beispielsweise der Ardennenschlacht oder der Befreiung Luxemburgs, wurden dreidimensionale Schaubilder errichtet. Ziel des Museums ist es, zur Erinnerungskultur des Zweiten Weltkrieges in Luxemburg beizutragen und an die luxemburgischen und US-amerikanischen Soldaten in Kriegen zu gedenken.

� Am Nationale Militär Musée zu Dikrech leien d'thematesch Schwéierpunkten am Zweete Weltkrich an d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi. Virun allem d'Occupatioun duerch N**i-Däitschland 1940, d'Ardennenoffensiv 1944-45 an d'Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch d'US-Truppe stinn am Mëttelpunkt vum Musée. Eng Sektioun am Musée beliicht zousätzlech d'lëtzebuergesch Fräiwëlleger am Korea Krich. Am Kader vun der historescher Ausenanersetzung mat der Lëtzebuerger Arméi, sinn och d'Uniformen a Waffe vum Grand-Duc Jean exponéiert. De Musée disposéiert iwwer eng grouss, breet gefächert Sammlung un militäreschen Objet an Equipement vun US-amerikanesch an däitsch Truppen, déi vu medezinesche Géigestänn, Rotor-Schlësselmachinen bis hin zou Helmer, Uniformen, Waffen, Panzer reechen. Zousätzlech sinn zäitgenëssesch Fotoen, Bréiwer, Kaarten, Biller an audiovisuell Opnamen an der Sammlung vum Musée ze fannen. Fir verschidde Schlësselelementer am Zweete Weltkrich, wéi zum Beispill d'Liberatioun oder d'Ardennenoffensiv, visuell ze representéieren, goufen am Musée dräidimensional Schaubiller opgestallt. Den Objectif vum Militär Musée ass et, d'kollektiv Mémoiren un de Zweete Weltkrich ze erhaalen an un den ëtzebuergeschen a US-amerikaneschen Zaldoten an den Krichen ze gedenken.

🇱🇺 Deel 3 – Eng Geschicht déi weiderlieft Zënter Joren gëtt den 10. Mee um Kierfecht zu Dikrech eng kleng, awer feierlec...
12/05/2026

🇱🇺 Deel 3 – Eng Geschicht déi weiderlieft

Zënter Joren gëtt den 10. Mee um Kierfecht zu Dikrech eng kleng, awer feierlech Commemoratioun ofgehalen, bei där un de Flying Officer Douglas Cameron erënnert gëtt. Den MNHM huet säi Graf aus Éier an am respektvolle Gedenken adoptéiert, an organiséiert d'Zeremonie zesumme mat der British Embassy Luxembourg an der Ville de Diekirch.

Dëst Joer waren ënner anerem dobäi: déi britesch Ambassadrice Ms Joanne Olivier, d'Mrs Samantha Galbraith am Numm vum UK Defence Attaché, den Éiere-Vizepresident vun der RAFA an der RAF Veterans & Friends Brian Thomas Darke, de Schäffen vun der Stad Dikrech José Lopes an de President vum MNHM Frank Rockenbrod.

Nieft dem Graf um Kierfecht erënnert eng Gedenktafel beim Hirzenhaff zu Bettenduerf un den Douglas Cameron.

Och am Musée bleift seng Geschicht lieweg. Nieft engem Propeller vum Fliger ass dem Cameron seng Pilotekap an seng Uniform ausgesallt. 🛩

Den MNHM steet dobäi nach ëmmer a Kontakt mat senger Duechter Marion Bishop.

🇬🇧 You can find the English version below in the comments 👇

HOP HOP to Diekirch 🏃‍♀️‍➡️🇱🇺 De 16. & 17. Mee ass et rëm sou wäit, dann maachen iwwer 40 Musée'en am Land Diere fir Iec...
07/05/2026

HOP HOP to Diekirch 🏃‍♀️‍➡️

🇱🇺 De 16. & 17. Mee ass et rëm sou wäit, dann maachen iwwer 40 Musée'en am Land Diere fir Iech op. Den MNHM - Musée National d'Histoire Militaire ass natierlech och derbäi.

Entdeckt eis temporär Ausstellung "Ons Arméi um Härebierg" an klickt Iech duerch eis nei Datenbank "Echoes of War". Op der Plaaz ginn och aal Militärgefiërer vun der QUADRIGA Luxembourg Historic Military Vehicle Collectors A.S.B.L. presentéiert, wou hir Ekipp och fir Iessen a Gedrénks suergt.

Am Zesummenhang mat eisem Programm hu mir eis mam Musée d'Histoire[s] Diekirch dëst Joer eppes Neies ausgeduecht: eng Stempelkaart - wann d’Kaart voll ass, waart eng kleng Iwwerraschung op iech. 🎉

Kommt laanscht a maacht mat!

🇬🇧 On May 16 & 17, the time has come again: over 40 museums across the country will open their doors to you. The MNHM – National Museum of Military History is, of course, taking part as well.

Discover our temporary exhibition “Ons Arméi um Härebierg” and explore our new database “Echoes of War.” In addition, historic military vehicles will be presented by QUADRIGA Luxembourg Historic Military Vehicle Collectors A.S.B.L., whose team will also provide food and drinks.

As part of our program, together with the Musée d'Histoire(s) Diekirch, we have come up with something new this year: a stamp card — and once your card is full, a small surprise awaits you. 🎉

Come by and join us!

Facebook-Event:
https://fb.me/e/8JwXJVnZj

🇱🇺 Visite Guidée mat Reservisten aus der Bundeswehr 🇬🇧 Guided tour with reservists from the BundeswehrThank you for comi...
06/05/2026

🇱🇺 Visite Guidée mat Reservisten aus der Bundeswehr

🇬🇧 Guided tour with reservists from the Bundeswehr

Thank you for coming!

🇱🇺 Deel 2 – Déi lescht MissiounDen 10. Mee 1940 hunn däitsch Truppen Lëtzebuerg mat enormer Vitesse iwwerfall an d’Grenz...
05/05/2026

🇱🇺 Deel 2 – Déi lescht Missioun

Den 10. Mee 1940 hunn däitsch Truppen Lëtzebuerg mat enormer Vitesse iwwerfall an d’Grenzverdeedegung a manner wéi enger Stonn duerchbrach. Arméien a Panzerdivisioune si séier a Richtung Belsch virgeréckelt, wärend sech d’Kämpf an der ganzer Regioun ausgebreet hunn.

Dee selwechten Nomëtteg huet de Flying Officer Douglas A. Cameron mat senger Crew — Sergeant Hart an Aircraftman 1st Class Ward — un enger Bombardéierungs-Missioun deelgeholl. Si haten däitsch Buedemtruppen tëscht Wallendorf an Dikrech als Zil.

Géint 17 Auer, bei Wallendorf, gouf hiere Fliger vun staarkem Flakfeier getraff. De Cameron gouf schwéier blesséiert, mee hien huet et fäerdeg bruecht, d’Kontroll ze behalen an de beschiedegte Fliger beim Bauerenhaff Hirzenhaff zu Bettenduerf, ëstlech vun Dikrech, ze landen.

Seng Handlunge hunn d’Liewe vu senger Crew gerett.

Däitsch Zaldoten hunn d’Männer aus dem brennende Wrack gezunn an hinnen éischt Hëllef geleescht, mee de Cameron ass spéider u senge Blessuren an engem Spidol zu Dikrech gestuerwen. Den Hart an de Ward goufen a Gefaangenschaft geholl.

Hie gouf mat voller militärescher Éier zu Dikrech begruewen.

🕊️ All Joer gëtt et eng Zeremonie zu Éiere vun engem Pilot, dee säi Liewe ginn huet, fir aner ze retten.

🇬🇧 You can find the English version below in the comments 👇

🇱🇺 Gëschter hate mir eng interessant an gutt besichte Konferenz iwwert dat neit Buch "Waffen-SS 1940-1945 Luxemburg" vum...
30/04/2026

🇱🇺 Gëschter hate mir eng interessant an gutt besichte Konferenz iwwert dat neit Buch "Waffen-SS 1940-1945 Luxemburg" vum Georges Even.

E grousse Merci un all déi dobäi waren an fir den flotten Austausch gesuecht hunn. 🙏

D’Buch beliicht ee vun de schwaarzste Kapitelen aus eiser Geschicht an erzielt unhand vu konkrete Schicksaler d’Roll vu Lëtzebuerger an der Waffen-SS.

Dir kënnt Iech en Exemplaire an der Libraire Ernster kaafen.

🔜 Mir freeën eis schonns Iech op eiser nächster Konferenz dierfen ze begréissen.

🇬🇧 Yesterday we had an interesting and well-attended conference about the new book "Waffen-SS 1940–1945 Luxembourg" by Georges Even.

A big thank you to everyone who attended and contributed to the engaging discussions. 🙏

The book sheds light on one of the darkest chapters of our history and, through individual stories, explores the role of Luxembourgers in the Waffen-SS.

If you are interested in purchasing the book, feel free to get in touch with us.

🇱🇺 De Pak 43 zu Troisvierges erënnert un déi haart Kämpf wärend der Ardennenoffensiv.1981 hunn engagéiert Bierger d’Kano...
29/04/2026

🇱🇺 De Pak 43 zu Troisvierges erënnert un déi haart Kämpf wärend der Ardennenoffensiv.

1981 hunn engagéiert Bierger d’Kanoun an enger bal „geheimer“ Aktioun virun d’Gemeng gezunn, fir se als Monument ze erhalen.

No Joerzéngte vum Zerfall gouf d’Geschütz elo komplett restauréiert (2025/2026). Haut ass et e stommen Zäitzeien – als Erënnerung un d’Befreiung vu Lëtzebuerg an de Wäert vum
Fridden.

🎥 Kuckt d’Geschicht hei: https://www.youtube.com/watch?v=K5ymD-8-MiA

🇬🇧 The Pak 43 of Troisvierges stands as a powerful reminder of the fierce fighting during the Battle of the Bulge.

In 1981, local citizens famously towed the gun in front of the town hall in a bold, almost “cloak-and-dagger” protest to secure its place as a memorial.

After decades of decay, the gun has now been fully restored (2025/2026). Today, it remains a silent witness to history—honouring the liberation of Luxembourg and the enduring value of peace.

🎥 Watch the story here: https://www.youtube.com/watch?v=K5ymD-8-MiA

2 likes. "Pak 43 Restoration: Reviving a Battle of the Bulge Relic in Troisvierges, Luxembourg."

🇱🇺 Deel 1 – D’Rees vun engem jonke Pilot an de Krich 🛩Den Douglas A. Cameron ass den 14. Juni 1914 zu Kangaroo Ground, V...
28/04/2026

🇱🇺 Deel 1 – D’Rees vun engem jonke Pilot an de Krich 🛩

Den Douglas A. Cameron ass den 14. Juni 1914 zu Kangaroo Ground, Victoria, an Australien gebuer — dat éischt Kand vum Gordon an Amelia Cameron.

Nodeems hien 1936 an Australien seng Pilotelizenz krut, ass hien an d’Royal Air Force a Groussbritannien gewiesselt, wou hien bis 1938 de Rang vum Flying Officer erreecht huet. Awer nieft der Uniform hat d’Liewen nach aner Pläng: wärend sengem Openthalt an England huet den Douglas sech an eng jonk schottesch Fra verléift, d’Jessie Taylor Rennie. Si hunn sech am September 1938 bestuet a kruten kuerz drop eng Duechter, d’Marion.

Wéi de Krich sech iwwer Europa zesummegezunn huet, ass den Douglas e Fairey Battle Liichtbomber beim No. 226 Squadron geflunn. Den 2. September 1939 ass seng Eenheet an d’Regioun Reims/Champagne a Frankräich verluet ginn. Wärend de laangen, ugespannte Méint vum sougenannte Phoney War waren hir Missioune meeschtens op Opklärungsflich an d’Ofwerfe vu Propagandablieder limitéiert — e rouegt Virspill op dat, wat komme sollt.

Dës Rou gouf um fréie Mueren den 10. Mee 1940 brutal ënnerbrach, wéi däitsch Truppen d’Invasioun vu Lëtzebuerg gestart hunn an domat seng Neutralitéit zerstéiert hunn.

Als Äntwert huet d’Royal Air Force hir Eenheeten an de lëtzebuergesche Loftraum geschéckt, fir den däitsche Virmarsch opzëhalen.

👉 Dat ass d’Geschicht vun engem vun dëse Männer: Douglas A. Cameron.

🇬🇧 You can find the English version below in the comments 👇

🇱🇺   - Jean-Michel Clement † 18. Abrëll 2026 🕯De Jean-Michel Clement gouf de 25. Februar 1932 an der Stad Lëtzebuerg geb...
24/04/2026

🇱🇺 - Jean-Michel Clement † 18. Abrëll 2026 🕯

De Jean-Michel Clement gouf de 25. Februar 1932 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, als Jong vum Jean-Pierre Clement a Marie Kreitz. Den 8. Juli 1949 ass hien an de Militärdéngscht agaangen a huet sech nom Ausbroch vum Koreakrich dem éischte Kontingent ugeschloss.

Ënner dem Numm „Mich“ bekannt, huet hien als Schütze vun engem Bren-Maschinnegewier gedéngt an am Abrëll 1951 un de Kämpf un der Imjin deelgeholl. Wärend enger Patrull ënner dem Sergeant Aloyse Franck sollt hien d’Kommunikatioun tëscht dem Bataillonsgefechtsstand an der C-Kompanie iwwerpréiwen, ass awer bei senger Arrivée direkt an e Géigenugrëff géint chinesesch Truppe verwéckelt ginn.

Wéi säi Liewenswee weidergangen ass, kënnt Dir op echoes-of-war.lu erausfannen 👇

De Jean-Michel Clement ass den 18. Abrëll 2026 am Alter vun 94 Joer gestuerwen. Mir drécken senger Famill an all senge Frënn eist oprichtegt Bäileed an eist déifst Matgefill aus.

🇬🇧 - Jean-Michel Clement † 18 April 2026 🕯

Jean-Michel Clement was born on 25 February 1932 in Luxembourg City, the son of Jean-Pierre Clement and Marie Kreitz. He entered military service on 8 July 1949 and, following the outbreak of the Korean War, joined the 1st contingent.

Known as “Mich,” he served as a Bren machine gunner and took part in the fighting at the Imjin in April 1951. During a patrol under Sergeant Aloyse Franck, he was tasked with checking communications between the battalion headquarters and C Company, but upon arrival was immediately drawn into a counterattack against Chinese forces.

To find out how his life journey continued, visit echoes-of-war.lu 👇

Jean-Michel Clement passed away on 18 April 2026 at the age of 94. We extend our sincere condolences and deepest sympathies to his family and all his friends.

🇱🇺  Visite Guidée mat der Lëtzebuerger Arméi 📸Haut begréissen mir e Peloton vun der Kompanie Delta vun der Lëtzebuerger ...
17/04/2026

🇱🇺 Visite Guidée mat der Lëtzebuerger Arméi 📸

Haut begréissen mir e Peloton vun der Kompanie Delta vun der Lëtzebuerger Arméi bei eis.

D'Visite Guidée gëtt vum Lynn a Georges duerchgefouert.

Vill Spass!

🇬🇧 Today's guided tour with a platoon from Delta Company of the Luxembourg Army 📸

🇱🇺 Taucht mat Ärer Klass an d’Vergaangenheet an! 👩🏻‍🏫📜Wéi huet Dikrech am Zweete Weltkrich ausgesinn? Ginn et haut nach ...
16/04/2026

🇱🇺 Taucht mat Ärer Klass an d’Vergaangenheet an! 👩🏻‍🏫📜

Wéi huet Dikrech am Zweete Weltkrich ausgesinn? Ginn et haut nach Spuere vun där Zäit?

Mat eisen Visites guidées an interaktive Workshops léiert dir Geschicht net nëmmen, dir erliewt se.

Nach virun der Summervakanz hutt dir d’Chance, dës spannend Erfarung mat Ärer Klass ze maachen.

📅 Reservéiert elo eng Visite guidée an entdeckt eise Musée:
https://www.mnhm.net/mnhm/index.php/visit/guided-tours

🕵 Kuckt an eise Katalog eran a entdeckt eis Workshops souwéi all wichteg Informatiounen:
https://www.mnhm.net/mnhm/index.php/visit/workshops

🇬🇧 Dive into the past with your class! 👩🏻‍🏫📜

What did Diekirch look like during the Second World War? Are there still traces of that time today?

With our guided tours and interactive workshops, students don’t just learn about history, they experience it.

Before the summer holidays, take the opportunity to enjoy this exciting experience with your class.

📅 Book a guided tour now and discover our museum:
https://www.mnhm.net/mnhm/index.php/visit/guided-tours

🕵 Explore our workshop catalogue and find all the important information:
https://www.mnhm.net/mnhm/index.php/visit/workshops

Adresse

10, Bamertal
Diekirch
L-9209

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 18:00
Mercredi 10:00 - 18:00
Jeudi 10:00 - 18:00
Vendredi 10:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 18:00
Dimanche 10:00 - 18:00

Téléphone

+352808908

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MNHM - Musée National d'Histoire Militaire publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter Le Musée

Envoyer un message à MNHM - Musée National d'Histoire Militaire:

Partager