07/09/2026
Stad: Eng Kaart (Fotograf onbekannt) Ufanks 1900 mat der Beschrëftung ,,Luxembourg - Hotel Star´´. Hotel huet kee Bezuch zu Stären, mee handelt sech em e Schreiffeeler, well et de richtegen Numm ass Hotel Staar, ofgeleet vum Famillen Numm vum Jean Staar (1848-1917), deen zesumme mat senger Fra Franziska Barnich (1856-1894) den Hotel des voyageurs am Joer 1896 ofkaf hat, an des Hotel ënnert dem Numm Hotel de la gare weider bedriwwen hunn (hei eng Foto vum alen Hotel: https://www.facebook.com/share/1KQ1xN7624/?mibextid=wwXIfr) Vläit hat den ale Besëtzer H. Berchem schonn eng Viranung, well mat dem Ëmsetze vun de Pläng vum Bau vun der neier Brécke (pont Adolphe), stoung den Hotel de la gare mam Terrain deen dozou geheiert huet, am Wee fir déi nei Avenue déi sollt passend zum Bau vun der Brécke entsoe fir Gare mat der Uewerstad ze verbannen, Sou koum et kuerz viru Joerhonnertwend dozou dass no hin an hier dass Famill Staar-Barnich Terrain enteignet gouf, si kruten eng Entschiedegung vum Staat fir dësen Terrain, wei och nach eng weider Geldleeschtung fir kennen en neit Hotel op dem Terrain wou hinne bliwwe war nach, ze baue bezéiungsweis ëmzebauen. Sie ware quasi ,,gezwongen´´ginn en Hotel ze erriichte wat sollt a Bild passen um Eck vun der aler an der neier Avenue. Dëst Hotel, benannt no der Famill , an Hotel Star sollt am Joer 1906 opgoen, et hat 54 Zëmmer, um RDCH war e Café, Banquet Sall, Lies a Früstück Säll wei och e Restaurant mat Veranda fir 100 Leit (et erkennt een och Veranda riets, déi och spéider soll erëm e Sträitthema ginn, mei am Dossier). Ausserdeem huet sech och en Bichergeschäft, e Coiffeurssalon mat Parfümerie am Hotel befonnt. Duerch de plëtzlechen onerwaarten Doud vum Jean Staar sengem Bouf, dem Jean Leon Staar (am Alter vu 34 Joer am November 1938 verstuerwen), deen als Iewen nom Doud vu sengem Pap Hotel weiderbedriwwen hat (hien hat och Hotellerie an der Schwäiz studéiert) a Streidereie wéinst der schonn ugesprachener Veranda, huet Hotel seng Dieren zou gemaach 1938. Gebai gouf nach fir aner Zwecker benotzt duerno: Am Krich gouf Gebai benotzt fir déi däitsch Police ënnerzebréngen vun der däitscher Zivilverwaltung, nom Krich goufe puer staatlech Bureauen do verluecht, éier et 1968 vun der Spuerkeess opkaf gouf a 1970 ofgerappt gouf. Haut befënnt sech an deem neien Gebai nach ëmmer Spuerkeess am RDCH wei een an de Fotoen an de Kommentare ka gesin a ausserdeem ass eng Foto mat Dokumenter a Fotoe ronn zum Hotel Staar an de Kommentaren,