09/05/2026
An enger Woch ass et schon sou weit, dann sinn mir rem de ganze Weekend op fir d'Lumudays. 😀
👉Béid Deeg kënnt Dir mat Äre Kanner gratis um Atelier Brout baken deelhuelen. Lass geet et moies géint 10 Auer, mam Knieden vum Deeg an der Broutmull a mam Ufänken a Feieren vum alen Uewen.
👉Während der Mettespaus loossen mir den Deeg opgoen a profitéieren vun der Hëtzt am Uewen fir gutt Flammkuchen ze baken, dat och ken Honger leiden muss.
Donieft ass och de Grill un an et ginn Fritten.
👉Am Nometten formen mir dann d'Brout a lossen et nach bëssen opgoen bevir mir et baken.
👉Kafen kënnt Dir d'Brout dann ab 16 Auer. Et gëllt wéi iwwerall: "Den éischten ass vir"
⚠Opgepasst, déi Familljen, déi beim Atelier matmaachen, kënne sech e Brout reservéierenan hunn Prioritéit beim Verkaf.☝️
Gemeng Groussbus-Wal TouristInfo Wëlle Westen Visit Guttland Syndicat Intercommunal Kanton Réiden